News on your favorite shows, specials & more!

#37 DÉI BESCHT MANÉIER, AUS DER LANDSCHAFT ZE VERSCHWANNEN at Théâtre des Capucins

Dates: (10/6/2018 - 10/13/2018 )

Theatre:

Théâtre des Capucins


9, Place du Theater L-2613 Luxembourg

Tickets: Adultes 20 €, 15 €, 8 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu

  1. View All Luxembourg Shows
  2.  > 
  3. #37 DÉI BESCHT MANÉIER, AUS DER LANDSCHAFT ZE VERSCHWANNEN


D’Félicie an den Heng, eng eeler Koppel vum Lampertsbierg, fueren an e Schwäizer Kurhotel. Wat si do maachen a firwat et si an d’Schwäiz verschléit, ass laang Zäit net kloer. Si behuele sech ewéi zwee Gedriwwener, déi et doheem net aushalen an dobaussen an der Friemt net glécklech ginn. Jiddefalls gerode si an der Schwäiz op eng Zort Geeschterbunn: Alles, wat si erliewen, gëtt ëmmer méi koppeg a bosseg, d’Gläichgewiicht tëscht dem Félicie an dem Heng ass empfindlech gestéiert, a wa si op eemol am Kurhotel aner Lëtzebuerger begéinen, déi hinne komplett géint de Stréch ginn, eskaléiert déi ganz Situatioun. Mee wat stécht hannert där kuriéiser Schwäizer Eskapad? Den déiwe Grond kënnt nëmme stéckweis eraus, iwwert Undeitungen a Gefillsausbréch, an et däerf een unhuelen, datt déi richteg, schrecklech Geeschterbunn doheem um Lampertsbierg steet.

De Guy Rewenig huet säi Stéck ugeluecht als Geschicht iwwert d’Léift vun zwee Leit, déi net méi vill mateneen ufänke kënnen an awer op eng batter Manéier vuneneen ofhängeg sinn. Si péngege sech, maache sech Virwërf, streide vu mueres bis owes, fir dann nees momentweis friddlech a verstänneg mateneen ëmzegoen. Si sti sech selwer am Wee, kënnen net iwwert hire Schiet sprangen, an awer kënnt kee vun deem anere lass. Den Text – eng Suite vu rapiden, intensiven Dialoger – wiesselt stänneg tëscht Tragik a Komik an iwwert allen Episoden a Statioune steet d’Fro: Wéi laang kann dat do nach gutt goen? Wéini kënnt déi grouss Katastroph?

De Charles Muller inszenéiert e Stéck an deem näischt esou ass wéi et schéngt, an deem et ëm eng grouss Liewensligen, ëm Verdrängung an sech an d’Täsch léie geet, mam Christiane Rausch an der Roll vum Félicie an dem Jean-Paul Maes an der Roll vum Heng. Weiderhin fueren d’Brigitte Urhausen, de Pitt Simon an den Nilton Martins mat op där Geeschterbunn, déi awer mat enger gesonder Portioun groteskem Humor ënnerwee wäert sinn an dës Saison och zu Miersch, Maarnech an Iechternach Statioun wäert maachen.

Cast and Creative team for #37 DÉI BESCHT MANÉIER, AUS DER LANDSCHAFT ZE VERSCHWANNEN at Théâtre des Capucins

Videos


Recommended For You