News on your favorite shows, specials & more!

E KUERF VOLLER GE at Kulturhaus Niederanven

Dates: (1/15/2013 - 1/17/2013 )

Theatre:

Kulturhaus Niederanven


145 ROUTE DE TREVES
NIEDERANVEN,LUXEMBOURG L-6940

Phone: +352 47 08 95 1

Tickets: 5.00 €

Running Time: Dauer: 35 Min.

  1. View All Luxembourg Shows
  2.  > 
  3. E KUERF VOLLER GE


E Joer ass vergaang, vill Geschichte goufen erzielt, vill Geschichte goufe gehéiert, vill Geschichte sinn duerch d'Welt gereest... an e puer sinn der nees an eise Kuerf gekroch!
Eng Stëmm, eng Melodie, e puer Geschichte voller Zaubereien an eng Rëtsch gespëtzten Oueren... méi brauche mer net. Wéi schonns déi zwee lescht Joer waart de Kuerf nëmmen drop, ausgepaakt ze ginn an ze weisen, wat an him stécht. Zesumme mat sengem Frënd, dem Cello, wëllt hien iech erëm laache, kräischen a staunen dinn an iech op seng Rees duerch vill verschidde Länner mathuelen.
De Kuerf ass nees do, fir den drëtten a leschten Deel vu senger Geschichtentrilogie.
D'Betsy Dentzer erzielt fir Grouss a Kleng a gëtt dobäi vun engem Cello begleet.

D'Betsy Dentzer ass no engem Studium vun der Sozialaarbecht an der Belsch op Berlin geplënnert. Do huet si un der Universität der Künste e Master of Arts an der Theaterpädagogik a gläichzäiteg eng Ausbildung am Geschichtenerzielen gemaach. Säit Januar 2011 schafft si zu Lëtzebuerg als fräiberufflech Theaterpädagogin an Erzielerin. Si bidd Theaterprojeten, Workshops, Erzielstonnen an Theaterproduktiounen un. Hier Aarbecht riicht sech souwuel u Kanner a Jugendlecher wéi och un Erwuessener, z.B. am Beräich vun der professioneller Weiderbildung.

Cast and Creative team for E KUERF VOLLER GE at Kulturhaus Niederanven

Videos


Recommended For You